2. Spilldag
23rd October 2026
Black Bear Darts a.s.b.l.
SPILLDAG 2 – DEN ÉISCHTEN HEEMMATCH AN DER LOTERIE NATIONAL LEAGUE!
Den zweete Spilldag vun der Saison 2026/2027 steet virun der Dier, an eis Black Bears si prett fir déi nächst Erausfuerderungen! 💪🏻
Black Bear Darts 1 – Éischten Heemmatch!
No eisem spannende Saisonoptakt géint Trois Frontières steet elo den éischten Heemmatch an der Loterie National League um Programm!
Zu Leideleng empfänke mir Brooklyn Zoo 1. Mir freeën eis op eng flott Partie!
🎥 Wéi gewinnt gëtt eisen Heemmatch LIVE gestreamt!
Black Bear Darts 2 – Auswäerts bei Bull's Hit!
No der staarker 12:8-Victoire um éischte Spilldag fiert eis zweet Ekipp op Rollenger Weiheren bei Bull's Hit 2.
D'Zil ass kloer: Un déi gutt Teamleeschtung vum éischte Spilldag uknäppen an déi nächst Punkte sammelen! 💪🏻
Black Bear Darts 3 – Spillfräi
Mir wënschen eisen zwou Equippe vill Erfolleg a freeën eis op e flotte Spilldag!

