1. Spilldag Resultater

Black Bear Darts a.s.b.l.

SPILLDAG 1 – WAT E START AN D'SAISON 2026/2027!

Den éischte Spilldag ass gepackt! An eis dräi Equippen hunn direkt gewisen, datt si prett si fir déi nei Saison! 💪🏻

Black Bear Darts 1 – Eng Néierlag, déi sech weise léisst!

Wat e MEGA Match zum Optakt vun der Loterie National League! 🔥

Eis éischt Ekipp muss sech auswäerts géint Trois Frontières 1 ganz knapp mat 11:9 geschloe ginn.

E Match voller Spannung bis zum Schluss, bei deem Trois Frontières déi entscheedend Nerven e bëssen besser am Grëff hat. Grousse Respekt a Gratulatioun un Trois Frontières fir dës Leeschtung!

Mee mat dësem Resultat brauche mir eis absolut net ze verstoppen! Mir hu gewisen, datt mir och an der héchster Divisioun kënne mathalen.

Mir hu Blutt geleckt a freeën eis elo schonn op den nächste Match! 🔥

Black Bear Darts 2 – WAT ENG TEAMLEESCHTUNG!

Eis zweet Ekipp huet auswäerts géint Trois Frontières 3 eng enorm staark Teamleeschtung gewisen a sech mat 12:8 duerchgesat!

Eng fantastesch Leeschtung vun der ganzer Ekipp, déi sech domat direkt déi éischt 3 Punkte vun der Saison 2026/2027 séchert!

Esou kann eng Saison ufänken! 💪🏻

Black Bear Darts 3 – Kapp héich a weider!

Eis drëtt Ekipp hat et doheem mat engem staarke Géigner ze dinn. Géint Gëllene Léiw 2 huet et leider net duergaangen, an eis Jongen a Meedercher hu sech misste geschloe ginn.

Mee eng Saison ass laang! Elo heescht et Kapp héich halen, weider trainéieren a sech op déi nächst Matcher fokusséieren!

image