Spilldag 1 Season 26-27

Black Bear Darts a.s.b.l.

SPILLDAG 1 – D'BLACK BEARS SINN ZERÉCK!

Endlech ass et esou wäit! D'Saison 2026/2027 steet virun der Dier, an eis dräi Equippe si prett fir déi éischt Matcher!

Black Bear Darts 1 start direkt mat engem Auswäertsmatch géint Trois Frontières 1. No eiser historescher leschter Saison freeë mir eis besonnesch drop, elo an der Loterie National League unzetrieden. Eng nei Erausfuerderung, op déi mir laang higeschafft hunn!

Black Bear Darts 2 ass och auswäerts bei Trois Frontières 3 am Asaz. Domat sinn eis éischt zwou Equippen op der selwechter Plaz ënnerwee. E flotte Mëtteg voller Darts steet eis also befiir!

Black Bear Darts 3 empfänkt doheem zu Leideleng d'Ekipp vum Gëllene Léiw 2. Och hei freeë mir eis op eng spannend Partie an hoffentlech e gelongene Start an déi nei Saison.

Nei Saison, nei Erausfuerderungen an déi selwecht Leidenschaft fir den Dartssport! 💪🏻

Mir freeën eis op dat, wat kënnt, a wënschen all de Veräiner, déi muer an d'Saison 2026/2027 starten, vill Erfolleg, fair Matcher a virun allem:

🎯 GOOD DARTS!

image