Skip to contentSkip to footer
Black Bear Darts

Black Bear Darts
BLACK BEAR DARTS

Umellen

Congres 2026

12th July 2026

Black Bear Darts a.s.b.l.

Den 11. Juli 2026 huet den alljährleche Congrès vun der FLD stattfonnt. Wéi gewinnt gouf dësen zu Leideleng organiséiert, dëst Joer am Centre Culturel "An der Eech".

Op dësem Wee wëlle mir der Gemeng Leideleng e grousse Merci ausdrécken. Merci fir déi laangjäreg Ënnerstëtzung an d'Toleranz vis-à-vis vum Dartssport zu Lëtzebuerg. Et ass e schéint Gefill, wann ee weess: Zu Leideleng gëtt Darts gelieft.

Fir de Black Bear Darts geet eng aussergewéinlech Saison op en Enn. Mat 27 aktive Spiller an enger Équipe, déi an der nächster Saison an der 1. Klass spillt, huet de Veräin e weidere grousse Schrëtt no vir gemaach.

Wa mir zeréckkucken op d'Grënnung am Joer 2017, ass dës Entwécklung alles anescht wéi selbstverständlech. An eiser 9. Saison wäert de Black Bear Darts an der 1. Klass un de Start goen – eng Geschicht, op déi de ganze Veräin houfreg ka sinn.

Dëse Succès ass d'Resultat vun der Aarbecht vu ville Mënschen. Dofir wëlle mir jidderengem Merci soen, deen de Black Bear Darts zënter 2017 begleed, ënnerstëtzt oder op iergendeng Aart a Weis matgeprägt huet. Ouni Iech wier de Veräin net do, wou en haut steet.

D'Saison 2025/2026 war eng Saison, déi mir ni wäerte vergiessen. Mee mir kucken net zréck – mir kucken no vir.

Den Ofschloss vun dëser Saison war grouss. Den Ufank vun der nächster gëtt nach méi spannend. Mir freeën eis op dat, wat kënnt! 🎯

06WT47KA0R9J397PX8QGFDKAY2.jpg
4545PVE8J985AVYVA9QFZZZVJT.jpg
12GBGSH8SW9NA9KFN7PHDQZ8MW.jpg
00G9ARTN8F85MRD53M084TDYWR.jpg