18. Spilldag Resultater
28th June 2026
Black Bear Darts a.s.b.l.
Mat zwou Néierlagen geet fir eis d'Championnatssaison 2025/2026 op en Enn.
Black Bear Darts 2 huet auswäerts géint Check Out eng engagéiert Leeschtung gewisen a sech besser verkaf, wéi et d'Resultat um Enn erahne léisst. Trotz engem gudde Match ass et leider net duer gaangen, an d'Ekipp huet sech missten geschloe ginn. Mir wënschen de Kolleege vu Check Out vill Erfolleg a vill Spaass an der Éierepromotioun an der nächster Saison.
Black Bear Darts 3 huet sech och géint eng super sympathesch Ekipp vun de City Dartsiders 2 missten geschloe ginn. Merci fir de flotte a faire Match.
Elo ass et Zäit, d'Batterien opzelueden, d'Saison ze analyséieren an den Bléck no vir ze riichten.
Nächst Saison gräife mir nach eng Kéier esou richteg un! 💪🏻🎯

