Skip to contentSkip to footer
Black Bear Darts

Black Bear Darts
BLACK BEAR DARTS

Umellen

18. Spilldag

27th June 2026

Black Bear Darts a.s.b.l.

Spilldag 18

De leschte Spilldag vun der Saison steet virun der Dier – an dat bei summerlechen Temperaturen, déi et de Spiller net einfach maachen.

Leider huet Ducky Darts 2 wéinst den héijen Temperaturen missen Forfait erklären. Och wa mir mat eiser éischter Ekipp gär nach eng lescht Kéier dës Saison um Oche gestanen hätten, respektéiere mir natierlech dës Entscheedung. Domat kritt Black Bear Darts 1 nach eemol 3 Punkten op de Konto guttgeschriwwen.

🎯 Gespillt gëtt awer trotzdem:

Black Bear Darts 3 empfänkt City Dartsiders 2 zu Leideleng. D'Ekipp wëll sech mat enger gudder Leeschtung fir dës Saison verabschieden.

Black Bear Darts 2 steet virun engem wichtege Match a muss auswäerts zu Hamm géint Check Out untrieden. Hei geet et nach em wichteg Punkten um leschte Spilldag.

Mir freeën eis op e flotte leschte Spilldag an drécken eisen Equippen nach eng Kéier fest d'Daumen! 🎯

image