Black Bear Darts 32er Players Championship
22nd June 2026
Black Bear Darts a.s.b.l.

🎯 32 Players Championship – E flotte Start! 🎯
E Sonnden hu mir eisen éischten 32 Players Championship an eisem Dartssall zu Leideleng organiséiert.
Fir eis war dësen Tournoi virun allem eng flott Geleeënheet, fir d'Konzept an eis Installatiounen am Sall ze testen. Mir si frou, datt 21 Spiller de Wee op Leideleng fonnt hunn an zesumme fir eng flott Atmosphär an spannend Matcher gesuergt hunn.
Et gouf vill enk Dueller, schéi Checkouts a virun allem vill Freed um Dartssport. Genee esou hu mir eis dat virgestallt.
Am Finale konnt sech de Jim Mayer géint de Lex Kaufmann duerchsetzen an domat déi éischt Editioun vum 32 Players Championship gewannen. Gratulatioun un déi zwee Finalisten fir hire flotte Parcours duerch den Tournoi!
Déi komplett Resultater an all Matcher fannt dir am Link hei drënner. Do kënnt dir all Partie an all Resultat am Detail nokucken.
Mir hoffen, datt et jidderengem gefall huet a soen all de Spiller Merci fir hir Participatioun.
Fir eis steet schonn elo fest: Dat war eréischt den Ufank! An Zukunft wäerte mir nach vill weider Turnéieren zu Leideleng organiséieren.
🎯 Merci un all déi, déi dobäi waren – mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!
RESULTATER: https://n01darts.com/n01/league/season.php?id=t_W9cU_2892
