Coupe de Luxembourg Resultat
22nd June 2026
Black Bear Darts a.s.b.l.
🏆🎯 Coupe de Luxembourg – Rees eriwwer an der Véierelsfinal 🎯🏆
Fir eis ass d'Rees an der Coupe de Luxembourg 2026 leider an der Véierelsfinal op en Enn gaangen.
Géint eng staark Ekipp vum Brooklyn Zoo hu mir eis mat 5-0 misse geschloe ginn. Eise Géigner huet seng Chancen konsequent ausgenotzt an eis gewisen, wéi kleng d'Detailer op dësem Niveau kënne sinn.
Natierlech si mir enttäuscht, mee gläichzäiteg och houfreg, et bis ënnert déi 8 bescht Equippen am Land gepackt ze hunn.
Aus esou Matcher léiert een am meeschten. Dës Erfarung huele mir mat an déi nei Saison, wou mir nach zweemol d'Geleeënheet kréien, eis mam Brooklyn Zoo ze moossen.
Kapp héich, weider schaffen a weider un eis gleewen. Genee esou ass de Black Bear Darts gewuess.
🎯 Merci un all eis Supporter fir d'Ënnerstëtzung!

